Super Service fir Homepage a Firmendesign
Moien,
mir si eng nei Immobilienagence a mir hu eis fir d’Firma XEONEDIA entscheet, déi eis bei der Erstellung vun eiser Homepage, Logo, Visittekaarten a Flyer gehollef huet.
Schonn beim éischte Gespréich huet de Mike (de Besëtzer vun der Firma) eis alles genee erkläert a gewisen, wéi eng Méiglechkeeten a Produiten et ginn. Vun Ufank u war hien ganz oppen, frëndlech a hëllefsbereet.
Während der ganzer Zesummenaarbecht war hien ëmmer gutt z’erreechen an huet séier op eis Noriichten geäntwert. Besonnesch positiv hu mir fonnt, datt hien eis Iddien eescht geholl huet a probéiert huet se esou gutt wéi méiglech ëmzesetzen. Ausserdeem huet hien eis reegelméisseg Updates geschéckt an eis ëmmer an de ganze Prozess mat agebonnen.
Mir hu eis wierklech gutt betreit gefillt a si mam Resultat ganz zefridden.
Vun eiser Säit aus géife mir dem Mike a senger Firma méi wéi 5 Stäre ginn, a mir wäerten hien op alle Fall weiderempfeelen.
Villmools Merci fir déi flott Aarbecht an d’Gedold!
Mat frëndleche Gréiss
Artin & Edin
ARTEDO Immobilière



